63. Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois

Den 22. Februar huet d’Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois hir 63. Generalversammlung am Restaurant vum Moutferter Haff ofgehalen.

Nodeem de Conseil d’Administration déi 34 Versammelte iwwert d’Aktivitéiten an d’Aarbechten am Joer 2025 informéiert hat an de Bilan eestëmmeg ugeholl gouf, war et Zäit fir de gemittlechen Deel. Traditiounsgeméiss gouf et Träipen oder e kaale Plat.

D’Generalversammlung huet um 11 Auer ugefaangen, an déi lescht Participanten hunn eréischt géint 17 Auer de Dësch verlooss – e flotte Beweis fir déi gutt Stëmmung an de kollegialen Austausch.

E grousse Merci geet un d’Equipe vum Moutferter Haff fir hir exzellent Kichen an den tadellose Service. Hei komme mir gär erëm zeréck.

Fotoën. KOOS Denise a SCHROEDER Edmond.

KOOS François, President vun der Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois