Fête de Ste. Barbe de l'Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois

D'Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois hunn de Sonndeg, den 10. Dezember 2023 hieren traditionnelen Bärbelendag am Restaurant Delicious zu Éiter gefeiert (Banquet en honneur de Stainte Barbe). Déi helleg Barbara ass d'Schutzpatréinerin vun de Kannonéier. Als Éiregäscht waren och 6 Leit vun den fréieren Gardisten mat dobäi. Dat war e flotten Nomëtteg mat ville Spichten aus der schéiner Arméizäit. Dat et e flotte Nomëtteg war, beweisst, datt d'Gesellschaft sech eréischt géint halwer 6 opgeléisst huet.

De Conseil d'Administration vun den Fréieren Artilleristen seet allen deenen,déi dobäi waren, villmools Merci dat se den "Esprit de corps" an d'Komorodschaft esou sou héich halen

KOOS François, Präsident vun der Amicale des Anciens Artilleur Luxembourgeois