GV mat 15 000 Euro Scheck vun der Croix- Rouge Sektioun Kolpech

41. Schlassfest zu Kolpech ass den 15. September 2024


Kolpech: Viru kuurzem hat „Croix- Rouge Sektioun Kolpech, Schlassfest“ an de centre de Réhabilitation op Kolbech agueluden fir un der 40. Generalversammlung vun der Sektioun deelzehuelen. No hire Wëllkommensgréiss huet d’Presidentin Jeanny Janes awer drop gehaalen, fir all denen Merci ze soen, déi um Schlassfest 2023 beret waren firm at ze hëllefen. Och goung hire Merci un den Här Aloyse Gaspard, fir den Verkaaf vun ville Bicher an all dene Joeren an décidéiert huet definitiv domadder opzehaalen grad wi der Gemeng Ell gouf Merci gesoot fir di gut Zesummenarbicht mat der Hoffnung dat en och an Zukunft op si ziele kann. Weider huet d’Presidentin matgeddelt, dat dest Joer d’Schlassfest nit am Juli , awer den 15. September stattfënd an dat aus der Ursaach, dat d’Hobbykënschtler schon am Juli am Préizerdaul engagéiert sin, wat och ze verstouen ass. Dank dem Engagement vum Marc Wanderscheid , konnten ronn 30 Stänn um Schlassfest deelhuelen. Nei fir dest Joer ass en Second- hand fir Kanner um Fest ofzehaalen. Der Sektioun Pärel vum Roude Kräiz, der Madame Anne- Marie Steimes gouf gedankt, dat sie bei der Opléisung vun hirer Sektioun de Rëscht vu Suen aus der Kees als Don iwert 4.575 Euro un d’Sektioun Kolpech iwerwissen hun. Och de Chrëschtmaart zu Kolpech am Dezember huet d’Keess mat 1.076 Euro gut opgefrëscht. Nodeems dat d’Sekretärin Alice Wanderscheid di verschidden Aktivitéiten vun der Sektioun Revue passéiere gelooss huet, huet d’Madame Géraldine l’Hermite de Finanzbericht virgelies, den mat engem Iwerschoss konnt ofgeschloss gin. Als Keesserevisorin huet d‘Pauline Lecomte di exakt Buchführung bestätigt an d‘Versammlung och gebieden, décharge ze gin. Duerno ass den Jean- Philippe Schmit op di finanziell Ënnerstëtzung vun der Sektioun agaangen déi schon säit ville Joeren dem centre zu Kolpech zugut konnte kommen. Mat dene Spenden konnten a gin och an Zukunft Investitiounen fir d’Personal getätigt, déi nit vun der CNS iwerholl gin. Duerzu gehéiren Käschten fir de Führerschein ze absolvéieren an och fir Material ze kaafen dat vir Wuelbewannen vun de Leit am Haus ugeschaaft ka gin. Am Numm vun der Gemeng Ell, war et de Konseiller Castor Aguilera, alle Benevolen mam Virstand Merci gesoot huet, fir dat flott Schlassfest dat all Joer an der Gemeng stattfënd wou d’Spenden fir de gudden Zweck och agesaat gin. Noodeems dat d’Mireille Neuen den zukünftige Projet vun der d’Kannerbetreiung „aide à l’enfance“ kuurz virgestallt, huet den Luc Scheer als neien Direkter vum „centre de Réhabilitation vu Kolpech“ sengt Aufgabegebiet fir Zukunft am Haus virgestallt huet, war et zum Schluss vun der Generalversammlung, di grouss Scheckiwerreechung vun 15 000 Euro, den d’Sektioun mat Stolz un di Responsabel mat der Direktioun vum Centre konnt weidergin. (CR) (Foto: Charles Reiser)