3. Jugend Handballcamp vum Handball Käerjeng oder Handball ass cool !

An der Ouschtervakanz huet den 3. Jugend Handballcamp vum Handball Käerjeng ënnert der kompetenter a professioneller Leedung vun der Dago Leukefeld Handballschoul (www) am Käerjenger Dribbel statt fonnt.

Den Dago Leukefeld brauch een an Handballkreeser sécherlech nëtt méi virzestellen, war hien dach Nationaltrainer vun den Dammen an Däitschland, mat den Trierer Miezen ass hien 2003 Däitsche Meeschter ginn, a mat dem Thüringer HC stoung hien 2009 an der Final vum EHF Challenge-Cup bei den Dammen.

Während 3 Deeg hunn 41 Jongen a Meedercher vum HB Käerjeng an aus 7 anere Veräiner un engem intensiven awer gutt doséierten Trainingsprogramm matgemaach, dat ganzt ënner der Leedung vum Dago Leukefeld mat der Mataarbecht vun de Jugendtrainere vun eisem Veräin. Bei zwou Trainingsunitéite pro Dag, ënnerbrach vun all Dag engem gemeinsame Mëttegiessen, glänzend preparéiert vun der HBK Caterings Equipe (Merci där Dammen), konnten déi jonk Handballbegeeschtert sécherlech villes bäiléieren, besonnesche Wäert gouf dëst Joer op d'Technik an op de "Schlag"-Worf geluecht. Dëst wärt hinnen an nächster Zukunft während hire Mätcher sécherlech weider hëllefen.

Um Enn vum Camp war jiddereen zefridden, déi jonk Spillerinnen a Spiller, den Dago Leukefeld an déi Verantwortlech vum Handball Käerjeng. Sou datt der 4. Oplag vum Handball Camp d'nächst Joer, zesumme mam Dago Leukefeld näischt méi am Wee steet.

De Reportage iwwert de Camp op Telé Lëtzebuerg fannt där hei : http://tele.rtl.lu/emissiounen/7-meter/3035039.html
a méi Fotoen op www.hbk.lu