Mérite Elsy Jacobs 2016 fir de Claude Weinzierl

De Mérite Elsy Jacobs deen all Joer un eng Persoun iwwerreecht gëtt déi sech speziell fir d'Fraen am Sport asetzt, gouf dëst Joer un eise Comitésmember, laangjäregen Trainer an aktuelle Manager vum Roude Léiw Bascharage (Handball Käerjeng) iwwerreecht.

Am Kader vun der Pressekonferenz fir d'Presentatioun vum Festival Elsy Jacobs 2016 an der "Al Schmelz" zu Stengefort gouf de Claude Weinzierl fir seng Aarbecht fir den Handball a speziell den Dammenhandball geéiert.

D'Presidentin vum Jury, d'Madame Sylve Andrich-Duval huet erklärt wat d'Ziel vum Präis ass, dat heescht d'Gläichberechtegung am Sport ze förderen, an dat de Claude Weinzierl de Präis kritt fir seng Visiounen am Beräich vum Dammenhandball (Organisatioun vum Regio Cup, vum Tournoi des Champions a d'Grënnung vum Roude Léiw Bascharage) a fir all déi Leit am Handball Käerjeng déi heibéi gehollef hunn an domadder an d'Chancëgläichheet am Sport investéiert hunn.

D'Laudatio fir de Claude gouf gehale vum Régis Thill, fréieren Handballspiller, Dammentrainer a Sportjournalist, deen e puer Etappen awer och Spiichten aus der iwwer 25 järeger Carrière vum Claude Weinzierl erzielt huet. De Claude huet a senger kuerzer Ried Merci gesot fir de flotte Präis, an huet och all deene Merci gesot déi hien an der ganzer Zäit ënnerstëtzt hunn.

Mat engem Éierewäin offréiert vun der Gemeng Stengefort goung déi flott Manifestatioun op en Enn.