6. Dezember : T'war nawell eng lass beim Handball Käerjeng

Scho fréi Muerges hunn eis Dammen hir Verkafsstänn preparéiert. An ab 10 Auer ass et lass gaang. D'Membere vun eisem Veräin konnten déi nei Kollektioun vun eisem Ausrüster Erima entdecken, uprobéieren a bestellen. Awer och esou munnech Schnäppercher konnte gemaach ginn, wëll all déi al Artikelen hu misse fort.

Awer och eise Fotograf de Rol war gutt beschäftegt, well de ganzen Dag iwwer sinn d'Portrait Fotoe vun de Greenie-Partner geknipst ginn. De Projet Greenie-Partner ass e neie Projet vum HBK fir och déi familiär a sozial Aspekter ze stäerken. Esou kritt (oder soll) all Jugendspiller(in) e Partner, also e Pätter oder eng Giedel, aus dem Erwuessene Beräich. Mat dësem Parrainage soll den Akzent gesat ginn op géigesäiteg Interessi weisen, op Ënnerstëtzung, Motivatioun, Frëndschaft a Respekt.

An dunn um 3 Auer war et esou wéit. De Kleeschen ass komm. Hien huet all eise Jugendspiller eng kleng Geschenk Këscht iwwerreecht. An d'Kanner hunn deem hellege Mann mat engem flotte "Léiw Kleeschen, gudde Kleesche" Merci gesot.

Als Ofschloss stoungen du nach 2 Mätcher um Programm. D'éischt huet eis 2. Härenequipe géint Esch gespillt, an duerno huet d'Equipe vum Roude Léiw sech in extremis géint d'Damme vu Püttlingen duerchgesat.

Weider Fotoen zu dësem Event sinn op www.hbk.lu. An deemnächst och op Handball Käerjeng TV op Youtube www.youtube.com/channel/UCI9O9ItSZhbOWmnkTmWKjmQ