Cäcilieconcert vun der Harmonie Municipale Bascharage

D'Käerjenger Musek hat Samschdes, den 12. November 2016, op hiren traditionelle Cäcilienconcert an der Hall 75 invitéiert.
Den éischten Deel gouf vun der Käerjenger Musek, ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Alain Baustert, mat engem ofwiesslungsräiche Programm encadréiert.
Virun der Paus hun d‘Madame Adèle Donven, Vertriederin vun der UGDA, an d‘Scheffin Joséane Siebenaler d'Medaillë vun der UGDA un verdéngschtvoll Memberen ausgedeelt : Ben Kinn fir 10 Joer, Sven Drui an Tamara Rehlinger-Weiler fir 20 Joer, Claude Mahowald fir 30 Joer, Carlo Hoffmann 40 Joer an de Paul Wampach fir 50 Joer
Während dem zweeten Deel huet d‘Diddelenger Musek, ënnert hirem Chef, dem Sascha Leufgen, en flotte Programm présentéiert an de Publikum begeeschtert.