Legends in Concert vun der Käerjénger Musek

Den 7. Mee presentéiert Käerjénger Musek ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Jos Scholtes hiren traditionellen Gala Concert ënnert dem Motto Legends in Concert. Gespillt ginn Stécker vun Louis Armstrong, Charles Chaplin, Michael Jackson, Stevie Wonder an nach villen aneren.

Matwierkend sinn Dani Felber Party Band an den italieneschen Star-Trompettist Andrea Tofanelli. D'Dani Felber Party Band ass eng Schwäizer Formatioun déi den 7.Mee fir d'éischt an hirer Geschicht Statioun zu Lëtzebuerg mécht.

Dëst Band huet sech an den leschten 3 Joer zu enger vun den bekanntesten Big Bands an Europa gemeet an d'Käerjenger Musek freet sech iech dësen aussergewéinlechen Grupp ze presentéieren. Als Special Guest konnt och den Andrea Tofanelli gewonnen ginn, deen fir d'zweet, no 2006 den Wee op Käerjéng fënnt. Hien ass een weltbekannten Jazz-Trompettist an huet schon mat Gréissten, wéi den Maynard Ferguson, Arturo Sandoval an villen aneren zesummen gespillt. Regelméisseg trëtt hien och op der italienescher Telé op an war mam Jovanotti op Tournee.

Wann der gären wëllt bei dësem Erliefnis derbäi sinn, dann kommt den 7.Mee an d'Halen vum Sales-Lentz an z.I Bommelscheuer. Lass geet et um 20 Auer an Ticketen kritt der op www.hmbascharage.lu oder an der Agence Sales-Lentz Bascharage.