Flott Kaddoen am Schokla um Chrëschtmaart

Där sicht nach e flotte Kaddo fir Chrëschtdag ? Da kommt dëse Weekend nach op de Käerjenger Chrëschtmaart op der Cito Platz. Den Handball Käerjeng verkeeft allerhand flott Artikelen am Schockela. Do kritt där Schrauweschlëssel mat der passender Schrauf a Mudder. Oder eng Setzwo, en Hummer oder e Fläschenëffner ?. D'Autofreaks fannen e Mini, e VW Käfer oder e Fiat 500. Alles am Schokla. Ass flott ze kucken, mee schmaacht och gutt.

Fir Iessen an Drénken ass selbstverständlech och gesuergt. Um Stand vun eisem Veräin oder bei engem vun deenen anere Clibb aus der Gemeng. Ausserdeem ass och nach e flotte musikalesche Programm virgesinn. Also Rendez-vous um Chrëschtmaart. Ass nach op haut Samschdeg vun 14:00 bis 21:30 Auer oder muer Sonndeg vun 11:00 bis 19:00 Auer. De geneee Programm fannt där op www.kaerjeng.lu