Fussball Tournéier fir den gudden Zwéck

Am Kader vum 3000 Match als Arbiter, hunn den André URBING an den U.N. Käerjéng'97 zesummen ee Scheck un Médecins sans Frontières iwwerreecht. Merci all deene Leit déi een Don gemaach hunn fir den 3000 Match vum André URBING, dem Arbiter mat Häerz!

Op dëser Plaz bedanke mär eis
beim Änder Urbing,
bei MSF,
bei all den Equippen, déi haut présent waren,
beim Staff, deen haut de ganzen Dag um Dribbel am Asaz war,
bei de Leit, déi haut de Wee op Käerjeng fonnt haten,
bei den Arbitteren,
bei de Leit aus der Politik an aneren Invitéeën aus dem öffentlëche Liewen,
an all deejéinegen, déi soss nach zur Réussite vum heitegen Dag bäigedro hunn.
MERCI un iech all!!!

D'Schlussklassement vum Turnéier gesäit folgendermoossen aus:
1. FC Progrès Niederkorn
2. FC Minerva Lintgen
3. FC Mamer 32
4. Entente Petite Suisse
5. SC Ell
6. FC Blo-Wäiss Itzig
7. UN Käerjéng 97
8. FCD 03
9. FC Jeunesse Junglinster
10. CS Fola
11. FC Rodange 91
12. AS Colmarberg
Mär hoffen, där hat all e flotten Dag zu Käerjeng.