UN Käerjeng 97 – Avenir Beggen 5-0


Insgesamt huet Beggen eng schwaach Leeschtung an dësem 1.Testmatch nom Wanter gewisen, obschonn et an der Halschent just 1-0 fir d'Lokalequipe stoung. Net genuch Beweegung an ze vill Eenzelaktiounen amplaz zesummen ze spillen waren ze wéineg géint den aktuellen Tabellenzweeten aus der BGL Ligue, deen awer och scho méi laang am Training ass. Den Nzita hat déi beschte Beggener Chance. Et koum zu den éischten Asätz bei der éischter Equipe fir d'Neiverpflichtungen Gielty a Vaz Dos Reis, esou wéi fir den eréischt 16 Joer jonke Marlon Rock. Et sief och nach mattgedeelt, datt den Testmatch géint Norden 02 momentan vum 18. op den 15.Februar ververluecht gouf.