Käerjeng ass Champion vu Lëtzebuerg am Handball bei den Hären

Mat enger Victoire vun 30 - 21 géint d'Red Boys Déifferdeng am leschte Mätch vum Titel PlayOff an der Sales-Lentz Handball Liga hunn sech d'Häre vum HBK den Titel in extremis geséchert.

Direkt vun Ufank un hunn déi Gréng-Wäiss virun enger impressionanter Kuliss vun 500 bis 600 Zuschauer gewise wien Här am Käerjenger Dribbel wär. Iwwer 7-1 no 13 Minutte goung et schonns mat enger Avance vu 6 Goaler (13-7) an d'Paus. An der 2. Halschent hunn d'Jonge vum "Meeschter Coach" aus Italien, dem Riccardo Trillini, näischt méi ubrenne gelooss. Si hunn hire Virsprong weider ausgebaut a mat 30-21 de Mätch gewonn. Domat war deen éischten Titel bei den Hären fir den Handball, awer och deen éischten Titel fir eng Hären Equipe an enger kollektiver Sportaart an der Gemeng Käerjeng gewonnen.

No enger kuerzer Usproch vum Buergermeeschter Michel Wolter hunn déi eenzel Spiller hier Medail aus den Hänn vum neien FLH President dem Dan Epps iwwerreecht kritt. Wéi dunn de President vum COSL, den André Hoffman, dem Pol Freres d'Coupe vum Champion iwwerreecht huet, hunn d'Jongen hiren Emotioune fräie Laf gelooss. Eng Crémants-Dusch fir den Trainer an de President huet déi offiziell Feier ofgeschloss.

Zesumme mat de Sparta Bléiser, déi scho während dem Mätch fir eng Super-Stëmmung gesuergt haten, a mat de Rhythme vum DJ Seppi gouf du nach bis spéit an d'Nuecht gefeiert.