Komm an ënnerstëtz d'Häre vum Handball Käerjeng

Kommt all e Samschdeg an den Dribbel, an engem gréngen Hiem, Blouse, Pull oder T-Shirt fir d'Häre ze ënnerstëtzen an hirem ultimative Versuch de Champion-Titel fir d'alleréischt an der Geschicht op Käerjeng ze huelen.
De leschte Mätch am Championnat ass um 20:00 Auer géint d'Red Boys. Gëtt dee Mätch gewonn, sinn d'Jonge Champion.
Allez Käerjeng !

Virverkaf am Café beim Schatzi (fréi Sëtzplaz, nëtt reservéiert)

ab 19:00 Auer servéieren eis Dammenéquipe franséisch Spezialitéiten