Nei Uniforme fir d'Jugendequipe vum Handball Käerjeng

D'Jugendequipe vum Handball Käerjeng sinn nei agekleet ginn. A Präsenz vun de véier Sponsoren, BDO Luxembourg, Immo Maxma, Café des Sports Beim Schatzi an enNefF Informatique mat Terra Wortmann, goufen déi nei Uniformen un déi jeeweileg Equipen iwwerreecht. De President Marc Sales huet bei engem Patt an engem klénge Maufel de Partner villmools Merci gesot fir hier Ënnerstëtzung an de Jugendspiller vill Erfolleg an hire neien Uniforme gewënscht.