De Männerkouer Atertdaul ass op der Sich no neiem Wand


Nidderpallen: Viru kuerzem hunn d’Sänger vum Männerkouer Atertdaul sech getraff fir an enger Generalversammlung iwwert d’Joer 2022 ze schwätzen an iwwert d’Zukunft vum Veräin ze beroden.

No deenen übleche Rapporte vun der Sekretärin an dem Keessier an no der Decharge fir de Comité, huet de Réidener Buergermeeschter Henri Gerekens dem Chouer gratuléiert fir hir Optrëtter mat „stabillen, stramme Männerstëmmen“ an hie wënscht dat Allerbescht fir d’Zukunft. Den Tom Faber schléisst sech de Gléckwënsch un.

Bei der Aussprooch duerno ass vun de Changementer am Comité Rieds gaangen. D’Marie-Anne Kugener-Goethals an de Marco Kugener wëlle méi lues trëppelen an zéien sech zréck aus dem Comité. Si kréie Merci gesot mat Blummen an engem Cadeau. Elo heescht et, nei Leit ze sichen, déi Verantwortung iwwerhuelen an am Comité matschaffen. Natierlech ginn och ëmmer nei gutt Männerstëmme gesicht, mee och Dammen oder Leit, déi net sou gutt sange kënnen, däerfen eng Hand mat upaken an der Organisatioun an an der Verwaltung vum Veräin. Avis aux amateurs!

Den aktuelle Comité setzt sech zesummen aus: Marc Sauber, President, Paul Mehlen, Tresorier, Romain Mersch, Vizepresident an de Memberen: Carlo Lampertz, Ed. Loesch an Armand Schuh.(Text: M.A Kugener)(Foto: Charles Reiser)