Kanner vu Nacher spenden fir Wonschkutsch

Nacher: „Et ass wichteg, dass esou Traditiounen net verluer ginn.“ sot den Här Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil. A getrei no deem Motto hunn sech d‘Kanner aus dem klengen Dierfchen Nacher an der Gemeng Geisdrëf e Freiden, den 2. Februar 2024 op de Wee gemaach fir liichten ze goen. Mat vill Motivatioun a Freed hunn si net nëmme fir sech gesongen, mee och fir datt si vill Suen zesumme kréien. Ganz stolz konnt de Buergermeeschter, den Här Jean-Paul Mathay, ob déi kleng a grouss Kanner sinn, déi ganz houfreg 803€ un d‘Associatioun Wonschkutsch weiderginn. Och um Fettendonneschden sinn d‘Kanner vun Haus zu Haus heesche gaangen, wou si ëmmer mat engem Laachen an engem Merci begréisst gi sinn. Mat vill Kamellen an Fuesecht verwinnt, woussten d‘Kanner och elo schonn datt si nächst Joer erëm wëlle matgoen.