D'Gremlischter Bengelen spenden 1.000€ un d'ONG-D Le Soleil dans la Main

Samsdes den 25. November, hunn d’Gremlischter Bengelen der ONG-D Le Soleil dans la Main ee generéise Schéck vun 1.000€ iwwerreecht. Dës Sue sinn zesumme komm beim versteeë vun engem Bengel an d’Membere vum Club hunn och nach Suen aus hirer Kees dobäi geluecht fir op déi schéin Zomme ze kommen.


Déi Sue wäerte gewëssenhaft am Burkina Faso agesat ginn an enger vun de villen Aktiounen vun der ONGD, an zwar bei der Ënnerstëtzung vun 150 Kanner déi a Nout sinn, well d’Elteren an extrem aarme Bedingunge liewen. Mir iwwerhuelen all d’Schoulkäschten an d’Schoulmaterial an awer och e Vëlo falls d’Kanner weit wech vun der Schoul wunne respektiv ënnerstëtze mer d’Famill mat Liewensmëttele fir insgesamt d’Liewenskonditiounen ze verbesseren. Ee grousse Merci un d’Gremlischter Bengelen déi esou hiren Deel zu méi Solidaritéit ënnert de Vëlker bäidroen a weisen dass deele fir jidderee méiglech ass.