Solidaresch Collaboratioun : ONG-D Le Soleil dans la Main an Domaine Schram

Am Juni 2019 huet d’ONG Le Soleil dans la Main dem Domaine Viticole Schram proposéiert eng Collaboratioun auszeschaffen, déi et géing erméiglechen duerch de Verkaf vu Wäin a Cremant ee Benefice ze schafen, deen direkt an d’Entwécklungshëllef an Afrika kéint investéiert ginn. Am September 2019 goufen dunn och schonn déi éischt Fläsche vun der Editioun « Le Soleil dans la Main » mat personaliséierten Etiketten op 3 verschiddene Produiten verkaaft. Ugefaangen mam „Pinot Gris Grand Premier Cru“ (ab 2019), de „Pinot Noir Rosé A.O.P.“ deen am Abrëll 2020 dobäi koum an de „Cremant Brut“ deen d’Kollektioun am Dezember 2020 komplettéiert huet. Mëttlerweil si schonn iwwert 10.000 Fläsche verkaafte ginn. 2019/2020 koumen 6.815€ zesummen an 2020/2021 sinn der nach eng Kéier 11.550€ dobäi komm. Fir d’Saison 2021/2022 wäerten et nees iwwert 10.000€ ginn an d’ONG wëllt sech iwwert dëse Wee bei all de Leit, déi dës Aktioun ënnerstëtzen, bedanken. Dës solidaresch Aktioun hëlleft der ONG säin aktuellen ambitiéise Programm am Beräich Kannerschutz an Educatioun am Burkina Faso ëmzesetzen. Leider hannerloossen d’Niewewierkunge vun der aktueller Sécherheetskris, no de jeeweilege Putsche vu Mäerz an Oktober 2022, an no dem Ausbroch vum Krich an der Ukrain och am Burkina Faso déif Spueren. Als eent vun den äermste Länner vun der Welt, war et virdru fir ee Groussdeel vun der Bevëlkerung (60 %) scho schwéier fir mat manner wéi engem Euro pro Dag ze iwwerliewen. Mëttlerweil sinn iwwer zwou Millioune Leit am Burkina Faso selwer op der Flucht virun den Attacken vun den Djhadisten. D’Liewensmëttel ginn ëmmer méi deier an et gëtt leider ëmmer méi schwéier, ee wierdegt Liewen ze féieren. Dowéinst setzt sech de Soleil dans la Main och weiderhin an, fir d’Liewenskonditiounen ze verbesseren an zemools fir de Kanner eng reell Perspektiv fir d‘Liewen ze ginn. Deen duerch d’Kollaboratioun mam Domaine Schram erschafften Erléis gëtt integral fir dësen Zweck agesat.