115 Joer Fanfare "La Réunion" Hueschtert

D'Fanfare Hueschtert haat, wéi et Traditioun ass, op hire Fréijorsconcert invitéiert. D'Jugendfanfare, ennert der Leedung vum Pierre Schyns, an d'Fanfare, ennert dem Chef Claude Hoffmann, hunn e flotte Programm gebueden. Duerch de Programm, bei dem Melodie vun Ennio Morricone oder the Mambo Kings erklonge sinn, hunn d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert. Beim Sidney Bechet sengem "Petite Fleur" huet d'Nathalie Wagner als Saxophon Sopran Solist geglänzt. No "Thank you for the Music" huet d'Fanfare sech selwer den Happy Birthday gespillt an de Leit e Stéck Gebuertsdagskuch offréiert. D'Präsidentin Jeanne Wagner huet sech et net huele gelooss, de Kuch selwer unzeschneiden.