Galaconcert "MILLennium" matt Iwwerreechung vun Medaillen

D'Fanfare Hueschtert haat op Cäciliendag op hiren traditionelle Galaconcert invitéiert.

De Concert "MILLennium", deen d'Fanfare fir hiren fréiere Präsident an haut Eierepräsident Emile "Mill" Wagner ennert der Leedung vum Claude Hoffmann gespillt huet, ass vun den Nolauschterer appréciéiert ginn.

No sou enger laanger, covid-bedingter, Auszäit huet et jidderengem gudd gedoen erem ze musizéieren an nozelauschteren. Ugefangen huet de Rainier Radelet matt der Jugendmusek vun der Fanfare, ier dann d'Fanfare en êischten Deel gespillt huet.

An der Paus goufe vun der neier Präsidentin Jeanne Wagner, zesumme mam Buergermeeschter Raymond Weydert, Medaillen iwwerreecht. Fir 5 Joer kruten den Insigne den Olivier Beck, d'Lydie Lenz, de Michel Theisen an de Philippe Theisen. D'Myriam Wirtz krut eng Medaille fir 20 Joer Déngscht.

Eng gelle Medaille matt Palmettes krut d'Danielle Biwer fir 40 Joer Aktivitéit. De Vize-Präsident Claude Bache huet dem Jeanne Wagner d'Medaille fir 50 Joer Musizéieren iwwerreecht.

Den Emile Wagner gouf matt der Plaquette de reconnaissance Jean Antoine Zinnen beduecht fir säin onermiddlechen Asaz vun 30 Joer als Präsident vum Veräin.

Am zweeten Deel hunn dann d'Sonja Sartorius an de Claude Bache weider flott Anekdoten vum Éierepràsident erzielt an d'Nolauschterer konnten op e gelongenen Owend matt hirer Fanfare zréck kucken.