Galaconcert "Superstars & Megahits"

Traditionell hat d'Hueschterter Musek op hire Galaconcert "Superstars & Megahits" invitéiert. Ugefaange huet d'Jugendmusek vun der Fanfare ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Rainier Radelet, ier och d'Fanfare op d'Bühn koum fir 2 Stecker mat hinnen zesummen ze spillen. Duerno huet de Chef Claude Hoffmann iwwerholl fir duerch de weidere Concert ze féieren. Zweemol huet d'Fanfare Ennerstetzung kritt vun der Gesang-Solistin Kim Scheiden. An der Paus goufen Medaillen a Kaddoen, a Präsenz vum Buergermeeschter Raymond Weydert an der Präsidentin Jeanne Wagner, vum UGDA-Vize-Präsident Robert Köller iwwereecht. Ausgezeechent goufen d'Michèle Ludivig an d'Michèle Stammet fir 30 Joer Déngscht. Si kruten och e Kaddo vun der Fanfare. Den Armand Sänger krit eng Medaille fir 50 Joer Asaz. Duerno krut d'Präsidentin Jeanne Wagner eng Medaille fir 10 Joer Präsidentin resp Vize-Präsidentin. De Jeff Reuter krut eng Medaille fir 20 Joer Sekretär. D'Nathalie Wagner ass zanter 30 Joer Sous-Chef a krut eng Plaquette Jean-Antoine Zinnen. Och de Chef gouf mat engem Kaddo iwwerrascht, well hien erëm säit 10 Joer dirigéiert. Duerch de Programm hunn d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert.