Ausstellung iwwer Epicerien a Wiertschaften vu fréier.

D'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall haten zu dësem Thema op Éiter an de Centre Culturel agelueden.

Op deene 5 Deeg vun der Ausstellung iwwer Epicerien a Wiertschaften vu fréier, hunn d'NaGIS sech kënnen iwwert de Besuch vu villen intresséierte Frënn freeën.

De Vernissage war begleet vun engem flotte Referat vum Här Jean J. Schintgen. De fréiere Generalsekretär vun der Horesca, ass dobäi op d‘Geschicht an d’Entwécklung vun den Duerfwiertschaften agaangen.

Op dem Éiter Kiermessonndeg, gouf am nogestallten "Ale Café", sou ewéi dat fréier de Fall war, en traditionelle Brauch opliewe gelooss. D'Ham gouf opgeschnidden, an ass mat Kiermeskuch zerwéiert ginn.

Mir wëllen op dëser Platz all denen déi zum gudde Gelengen vun eiser Ausstellung bäigedroen hun, an all de Léit déi kucke koumen, en décke MERCI soen. Et ass eng Freed fir d'Geschichtsfrënn, wann mir ëmmer nees intresséiert Leit kënne fir déi vergaange Bräicher an Traditioune begeeschteren.

D'NaGIS versichen och an Zukunft, mat Ärer Hëllef, dës Méiglechkeeten ze bidden.