Ospern: Ganz iwerrascht fir de frëndliche Besuch war den Robert Schiltz, den bei senger Duechter, der Famill Biwer- Schiltz zu Osper säit 2017 sech hei wuel fillt a vum Schëffen Jeff Lisarelli mat den Konseilleren Norbert Nilles a Romain Reding mat enger gut gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert fir den 90. Gebuertsdag häerzlich gratuléiert kritt huet. De Robert Schiltz, huet den 26. Februar 1935 als den eelsten vu véier Kanner zu Bech d’Liicht vun der Welt erblëckt. Seng Elteren waren de Jean Schiltz an d‘Anna Thill, allen Zwee, vu Bech. Am Juni 1960 ass Hochzäit gefeiert gin mam Mariette Dionysius vum Scheedgen. Aus hirem Bestiednis ass hir eenzeg Duechter, Nadia, erviergaangen. Ganz stolz ass de Jubilar haut op sengt eenzegt Enkelkand. A senger aktiver Berufszäit huet de Robert Schiltz bis zu senger Pensioun am Joer 1995 als Wärter an der Strofanstalt geschafft. Hien war langjährigen aktiven Muikant am Musikveräin am Statdtgronn an haut nach passionéierten Fan vum FC Bayern. Leider ass seng léiw Fra, Mariette, am September 2014 verstuerwen. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR)(Foto: Charles Reiser)