Gaart an Heem Réiden- Vill Aktivitéiten an Auszeechnung langjähriger Memberen


Réiden/Atert: Bei vollem Haus am Festsall zu Ospern war et de 22. Mäerz fir den Raymond Schlim eng besonnesch Freed di vill Memberen vum Gaart an Heem Réiden an Éieregäscht ze begréissen an och jidderengem Merci ze soen fir di gut Zesummenarbecht an dat intensivt Schaffen iwert dat ganzt Joer. Nit vergiess waren och d’Sponsoren an Dammen déi fir dat gudd Gebäck gesuergt hun. Am Uschloss un eng Gedenkminut war et un der Sekretärin Ramona Müller fir de gut gefëllten Tätigkeetsbericht mat ronn 20 verschidden Aktivitéiten niewt sechs Comitésitzungen vum Joer 2025 ze presentéieren. Ausflig, 4 Mol Eisekuchebâken, Besichtigungen, Mammefeier, Hierkenowend, Representatiounen bei Fester asw hun dat ganzt aktivt Joer ergänzt. Fir d’Joer 2026 stin bis elo dess Datumer schon fest am Kalenner: Mammefeier (20. Juni) niewt Eisekuchebâken am Cactus den 17.an 18. Juli, den 18. an 20. September, den 27. an den 28. November an den 11.an 12. Dezember, souwi en Ausflug den 29. August goufen an d’Ae gefasst. Weider Informatioun gin am Laaf vum Joer nach matgedeelt. Di positiv Finanzlag vum Nadine Nicks ass och vun den Keesserevisoren Patrick Godfroy an Denise Clement als exakt bestätigt gin. Fir di finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng a vum Kropemansfest gouf et en extra Merci. Och un di bedeitend Scheckiwerreechungen fir sozial Wierker ass erënnert gin. Als Vertrieder vum CTF- Verwaltungsrot huet d’Chantal Reichling d’Engagement mam aktive Comité vun der Réidener Sektioun mat hire ville Memberen besonnesch geluewt an hinnen weiderhin vill Erfolleg gewënscht. A senger Ried huet de Schëffen Jeff Lisarelli di vill Aktivitéiten mat hiren 240 Memberen begréisst an och Merci gesoot fir di stete Presenz bei allen Manifestatiounen di vun der Gemeng Réiden organiséiert gin. Niewt der Verschéinerung vun der ganzer Gemeng mat schéine Blummen huet hien op d’Verdeelung vun de Schecken higewissen, déi all Joer fir karitativ Zwecker vum Gaart an Heem Réiden/Atert iwerreecht gin. Als Merci konnt de Jeff Lisarelli awer och eng Bott vun dëcken Porrëtten aus den Hänn vum President Charel Welter entgéint huelen. Am Verlaaf vun der Versammlung si folgend längjährig Memberen verbonnen mat denen bäschten Gléckwënsch vum Chantal Reichling mat der CTF- Éiererous vum Landesverband geéiert gin: Dat waren : Koders Marie- Claude, Reiser- Goergen Léa an de Schlim Raymond. Bei Kaffi a Kuch a bësse Gléck bei der räichhaltiger Tombola huet dess Generalversammlung hirt würdigt Ënn fond. (CR ) (Foto: Charles Reiser)