Flott Ambiance um "Dauler Luau" vun der Préizerdauler Musik
to see more pictures.
Préizerdaul: Bei angenehmen Summerwieder war die traditionell Oplag 2025 vum „Dauler Luau“ organiséiert vun der Préizerdauler Musik en vollen Erfolleg. Iwert 100 Leit haaten sech ugemellt, fir sech den Hawaii- Buffet à volonté ,och gut schmaachen ze loossen. No der Begréissung vum President Franz Hilger konnten die vill Leit – Grouss a KLeng- a flotter Ambiance e puer angenehmer Stonnen mateneen verbrëngen. Special Guest vum Owend war „Radiostation acoustic“ déi mat schéiner Musik fir gut Ënnerhaalung gesuergt huet. Eng Rum- Cocktail Bar- e sëffige Patt an och e gudden Dessert hun bei desem Owend nit gefeelt. Et war einfach flott. Di Préizerdauler Musik konnt mat desem Event vun desem Joer bestëmmt och bäschtens zefridde sin. (CR ) (Fotoen: Charles Reiser)