Rammerich: Et sinn elo schon rëm eng Rei vun Joeren hir, dat mir eisen Konveniat haten, duefir mengen mir et wier un der Zäit erëm een ze organiséieren. E Samsden, den 15. November 2025 war et dann nees esou wäit, wou d’Schoulfrënndinnen a Schoulfrënn vun de Joergäng 1962 bis 1968, déi zesummen zu Rammerich d’Schoulbänk gedrëckt a sech och getraff hun. Zesummen sin beim Monument aux morts, Blummen niddergeluecht gin, fir di léiw Verstuerwen Schoulfrënn a Léierpersonal. Fir den Éierebuergermeeschter Toni Rodesch war et och duerno och eng besonnesch Freed di symphatisch Gesellschaft ganz häerlich ze begréissen an hinnen no engem Rondgank duerch di flott Gemenge- Räimlichkeeten zu Rammerich ze féieren. Beim Éierwäin huet hien dene fréieren Schoulfrënn nach weiderhin vill Freed an hirer Heemechtsgemeng gewënscht. Duerno goung et mam Bus op Gréivemacher, wou bei enger angenehmer Muselfahrt op der „Princesse Marie- Astrid“ , verbonnen mat engem gudden Iessen, Amusement a flotter Danzmusik zesummen gefeiert gin ass. Dese Konveniat war vum Marianne Heiderscheid zesummen mam Jeanne Heiderscheid an Danielle Schreiber organiséiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)