Dëst Joer fënnt zu Reckeng op der Mess den 3.,4. a 5. Mee, déi drëtt Editioun vum Merlettëfest statt. Et handelt sech dobäi ëm e gratis Festival.
Am Mëttelpunkt steet de MESSTIVAL, dee Samschdes, de 4. Mee 2024 um 14.00 Auer ufänkt.
Et handelt sech dobäi ëm e Museks- a Familljefestival mat ugepasstem Rahmenprogramm, wou déi progressiv a gesellschaftlech Wäerter celebréiert ginn.
De Rapper Maz, deen zu Reckeng op der Mess opgewuess ass, huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Reckeng op der Mess an der a.s.b.l. KultuReck Reckeng op der Mess, dëse Festival op d’Bee gestallt.
De Lineup, deen aus lokalen a jonke Museker besteet, gouf och vum Maz “curated” (zesummegestallt).
De Lineup besteet aus follgende Bands :
Maz Univerze and Friendz
Mutiny On The Bounty
Edsun
Corbi
Bobby Bieles Live Band
Le Vibe
Ninor
Melvyn Schartz (vu Reckeng)
Iessen, Drénken, Infos & Workshops :
Downhill & Mountainbike Reckeng
Éilenger Konschtwierk
Fiederball Reckeng
Gude Laune Tattoos
Handmade Pottery by Corinne Franck
Hip-Hop Based Education
Jugendhaus Reckeng
Kanner- a Jugendtelefon
Madame Witzeg – Trisomie 21
Pipapo
Reckenger Musek
Réseau Psy
Rosa Lëtzebuerg
Seefekëscht
Tipptopp Artbus
Speziell fir Kanner :
Seefekëscht – Design deng eege Seef
Tipptopp Artbus – Kreéier däi Slime an däi Jutebeutel
Hip-Hop Based Education – Huel deng Autotune-Stëmm iwwert e Beat op
Rosa Lëtzebuerg – Badge- & Buttonatelier
... an e Sprangschlass!
Allgemeng Informatiounen :
Start: 14 Auer
beim Gemengenatelier
53, rue Jean-Pierre Hilger L-4980 Reckeng op der Mess
gratis Entrée
Presentéiert vun der ADMINISTRATION COMMUNALE DE RECKANGE SUR MESS & KULTURECK A.S.B.L.
Ënnerstëtzt vun: LEMON Event Support, Konektis Entertainment, Eldoradio & Dirty Socks.
De Messtival fënnt am Kontext vun engem oppenen, inklusiven, diversen a soziale Kader statt, mat villen Aktivitéiten an Informatiounen zu aktuellen Themen, fir all Altersgruppen mat uschléissende Concerte vun jonken a talentéierte Museker aus Lëtzebuerg.
Weider Informatiounen:
www.reckange.lu
https://reckange.lu/events/messtival-3/
Instagram: Messtival2022.
De Messtival fënnt am Kader vum Reckenger Merlettëfest statt.