Aline Adam weist schéin Molereien an der Galerie d'art" EverKie Arts"

Nach bis den 29. September stellt d'Aline Adam aus Nidderpallen hir Wierker an der "Galerie d'art EverKie Arts" zu Réiden/ Atert aus. Zënter ron fënnef Joer huet d'Aline Adam aus hiren Dreem, Wirklichkeet gemeet an sech un d'Konscht vum Molen gin. Iwert 25 Wierker - haaptsächlich gemolte Kollagen am Acryl a mat der Spachtel an dat och a verschidde Formater, weist di fräischaffend Künstlerin zu Réiden an der flotter Galerie . Hir Motiver stellen haaptsächlich de Mensch mat den Déieren an d'Natur op hir Manéier duer. D'Ausstellung ass vun Dënschdes bis Freides vun 10 bis 12 a vun 13.30 bis 18.30 Auer souwi Samsdes vun 10 bis 12 a vun 13.30 bis 17 Auer un, op. Info iwert den Tel: 23 62 03 50 ( FOTOEN: CHAREL REISER)