Beandrockend Installatiounsfeier vum Pater Jean- Jacques Flammang
to see more pictures.
Wëllkomm an de Paren Atertdall Sainte -Claire an Rammerich Saint- Valentin
Réiden/ Attert: Am Kader vun enger beandrockender Feier , e Sonnden, den 3. Januar an der Kierch vu Réiden/Atert, ass de Pater Jean- Jacques Flammang offiziell als neie Paschtouer vun de Paren Atertdall Sainte- Claire an Rammerich Saint – Valentin installéiert gin. No de Wëllkommensgréiss vum Präsident vum CGP, Misch Lallemand, huet Christine Lallemand dem neien Geeschtlechen de Schlëssel vun der Kierch iwerreecht. Am Ufank vun der Feier déi zesummen mat enger Reih Geeschtleschen a Pateren vum Uerden Sacré- Coeur Clairefontaine , Gemengevertrieder a Parleit zelebréiert gouf, ass den Dechen Félix Steichen a senger Laudatio op d’Liewen vum Pater Flammang agaangen, den 1956 zu Lamadeleine op d’Welt komm ass. Op der kathoulischer Universitéit zu Louvain huet hien Philosophie an Theologie studéiert. Nom Départ vum Koordinator Gérard Kieffer an dem Katechet Carlo Philippe, den elo a Pensioun geet, gin di zwou Paren an Zukunft vun de Geeschtlechen Jean- Jacques Flammang als curé- moderateur a Vincent Billot curé- subsdiaire souwi d‘Paschtéier Mathieu Janssen a Marcel Grethen, geleet. Pastoralmataarbechterin bleift weiderhin Mme. Joke de Kroon a Sekretärin Mme. Michèle Asseray. No deems dat de Pater Jean- Jacques Flammang sech bei Allen fir die schéin Installatiounsfeier bedankt huet, war séi Wonsch och an Zukunft, zesummen mat allen zoustännigen Autoritéiten, fräiwëlligen Matarbechter an alle Leit aus de Paren, an enger gudder chrëschtlecher Gemeinschaft zesummenzeliewen. Musikalisch a gesanglich gouf des Feier vum lokalen Gesangveräin mam Organist Carlo Philippe verschéinert. (CR)( FOTOEN: CHAREL REISER.