Réiden/Atert: Fir Samsdes, den 1. Juli hat de Gaart an Heem Réiden op hir Mammefeier 2023 invitéiert. Deser Aluedung waren och ganz vill Memberen nokomm an hun och zesummen e ganz gemittlichen Nommëtteg verbruecht. Musikalisch begleed vum Entertainer „Solo Mio“ enger grousser Tombola, enger Kuchenthéik mat enger Taass Kaffi, hun bei desem Mammendag niewt engem klengen Kado och nit gefeelt. No sengen Wëllkommensgréiss war et fir den President Raymond Schlim eng besonnesch Éier, zesummen mat sengem Virstand a Memberen vum Réidener Schëfferôt, e Scheck vun 3 000 Euro ze iwerreechen. Dess d‘Somm stellt den Erléis vum Hierkenowend am November an der Eisekuche- Aktioun vum ganze Joer, duer. Mat engem oprichtigen Merci konnten de President Raymond Schintgen mat sengem Sekretär Philippe Faber, dese Scheck an Empfang huelen, denen hirer Vereenegung „LuxRollers“ zugut könnt. Dess Suen gi gebraucht fir Material ze kaafen, fir de Sportaktivitéiten vun hire Memberen, déi mat engem Handikap hirt d’Liewen an hir Fräizäit können ze verbrëngen, unzeschaafen. Zumols wann e bedenkt, dat e Basketstull haut di stolz d’Somm vun ëmmerhin 12 000 Euro kascht. (CR) (Foto: Charles Reiser)