Nei Gefirer fir den Technischen Service vun der Gemeng Réiden/Atert
to see more pictures.
Réiden/Atert: Am Kader vun enger klenger Feierstonn an der Wierkstaat sinn di nei Gefirer, dann offiziell hirer Bestëmmung iwergi ginn. Agangs huet de Buergermeeschter Henri Gerekens betount, dat d'Gemeng all Joer eng gewëssen Zomm am Budget bereet steelt, fir dem Techneschen Service vun der Gemeng fir senge gudde Leit och gutt a modern Gefirer unzeschaafen. Esou war de Buergermeeschter mat sengem Schëffen -a Gemengerot frou fir bei deser Geleeënheet een neien Trakter an zwou Camionnetten, déi am Joer 2025 ugeschaaft gi sin, dann offiziell hirer Bestëmmung ze iwergin. Dess Investitioun vun ëmmerhin 320 000 Euro, ass néidig fir dem Techneschen Dingst vun Gemeng Réiden hir Bierger mat adequatem Material zu aller Zäit am Dingst ze stoen. No sengem Merci un de Verband zu Colmer- Bierg, de Garagen Leyder vu Réiden a Pol Wengler vun Ettelbréck fir hire Beistand an hir gudd Berodung, huet dess kleng Feier zesummen mam Personal bei engem gudde Maufel, sengt würdegt Enn fonnt. (CR) : Fotoen: Charel Reiser)