Merci fir Ären Interessi un eiser Biergerversammlung

Mir soen Iech Merci fir Är Interessi un eiser Biergerversammlung vum 29.09.2011, wou mir Iech eise Wahlprogramm „Nei Leit, nei Iddien, nei Weeër“ virgestallt haten.

Net nëmmen, dass méi wie 80 Léit op eis Biergerversammlung komm woren, mée och di interessant a kontrovers Diskussiounen mat Iech hunn eis gewisen, dass mir richteg louche mat dëser Initiative, di och nach Deeg duerno vill positiv Resonanz an der ganzer Gemeng huet.

Mir stinn och weiderhin Iech alleguerte gäre fir all Froen an Diskussiounen ze Verfügung.
Eis Nimm an Adresse sinn Iech bekannt, mir huelen eis gären Zäit fir Iech.

Nei Leit, nei Iddien, nei Weeër - Äer Equipe fir d' Gemeng Reisduerf