Den 9. Oktober 2011
• sidd Dir gefrot, 9 kompetent an engagéiert Gemengevertrieder ze wielen
• hudd dir d’Chance op en neie Buergermeeschter
• décidéiert Dir iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng
Zesummen mat Iech wëlle mir die kommend 6 Joer fir d’Gemeng Reisduerf an hier
Awunner plangen an präsentéieren Iech dofir eis Prioritéiten fir die kommend 6 Joren:
1. Reisduerf - eng nohalteg Gemeng
2. Reisduerf - eng kanner, jugend- a familiefrëndlech Gemeng
3. Reisduerf - eng lieweg Gemeng - eng aktiv Gemeng fir all Alter
4. Reisduerf - biergerno a modern Gemeng
5. Reisduerf - eng Gemeng mat aktive Kommissiounen an enger lieweger
Integratiounspolitik
6. Reisduerf - eng Gemeng mat enger transparenter a verantwortungsbewosster
Gestioun vun de Gemengefinanzen
Vertraut eis Äer 9 Stëmmen un !
Maacht keng falsch Kompromësser !
D‘Zukunft vun der Gemeng läit an Äeren Hänn !
Nei Leit, nei Iddien, nei Weeër - Äer Equipe fir d' Gemeng Reisduerf