D'Stréihfrächen as gebaut (mat Video)

E Méinden den Owend haaten sech wéi all Joeres rem puer Frënn zesummen gedo fir enger aaler Traditioun Dengscht zeleeschten. D'Stéihfrächen as gebaut. Fir d'eischt gouf d'Material zesummen gesammelt. Aus holzen Laaten as fir d'eischt d'Grondgerüst gebaut gin, duerno as mat enger Box an engem Hiem der Popp hier Haut gebastelt gin fir duerno mat Stréih zefëllen. Fir symbolesch fest zehaalen dat d'Popp eng Fra as kritt sie weiblecht Gezeih ungedoen. Zum Schluss kritt Stréihfrächen nach eng eidel Fläsch an een eidelen Porte-monnaie ugehangen als Symbole dat d'Fuesend riwwer as an sie keng Suen mei huet.

Lo as d'stréihen Popp ferdeg fir e Mettwoch den Owend um Cortège vun der Réimecher Musek deelzehuelen. Départ vum Cortège as um 19h30 beim Café Fuesend uewen a Réimech beim Rond-point. Nodeems de Cortège duerch dei aal Stroossen an Gaassen bis op d'Breck gaang as, gett do Stréihfrächen verbrannt.

Duerno as an de Caféen a Réimech fir Stemmung gesuergt.

D'Réimecher Musek seet dem Camille Schengen, dem Michel Schwachtgen an hierer ganzer Equipe villmols Merci dat sie hinnen dei Popp stellt.

Ob der Kreizung, bei de roude Luuten verkeeft d'Réimecher Musek de ganzen Owend iwer selwer gemaachten Glühwäin a Gromperekichelcher.

More news by Harmonie Municipale Concordia Remich >