10 Joer Kreativmaart am Syrkus
to see more pictures.
Am Syrkus zu Rued-Sir ass de Weekend vum 25. a 26. Oktober e grousse Gebuertsdag gefeiert ginn: zéng Joer Hobbymaart. D’Organisatioun louch wéi gewinnt bei Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, zesumme mat de Veterane vum FC Syra Mensdorf, déi dëse kulturelle Rendez-vous zanter Joren matgestalten.
Obwuel d’Wieder sech net vun der beschter Säit gewisen huet, hunn sech vill Visiteuren op de Wee gemaach, fir dëse Jubiläum matzeerliewen. Traditiounsgeméiss gouf et e Gebuertsdagskuch, an den Éierewäin ugebuede vun der Gemeng Betzder.
Ronn sechzeg Aussteller hunn hir Konschtwierker bannen an dobausse presentéiert – all Stéck en Ausdrock vu Kreativitéit a Leidenschaft. Zwee Buchauteuren haten och hir Plaz am Programm, d’Fabienne an de Renée hunn dem Publikum mat enger Virliesung e literaresche Moment gebueden, deen d’Diversitéit vum Maart nach ënnerstrach huet. Fir d’kulinaresch Versuergung war d’Equipe vum Fussball zoustänneg, an d’musikalesch Ënnerstëtzung koum vum Claude „l’Accordéoniste“ an dem Duo GansAnders, déi fir eng frëndlech a festlech Atmosphär gesuergt hunn.
Zum Schluss geet e grousse Merci un all Aussteller a Visiteuren. Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun vum Kreativmaart am Syrkus.
Weider Fotoen op https://www.facebook.com/media/set/?vanity=hobbykenschtler&set=a.1240248324810589