D’Gemeen an Zesummenaarbecht mat der Familljen- an Sportskommissioun hunn och dëst Joer rëm op déi Traditionell Chrëstuucht invitéiert. Hei waren all Matbierger iwwer 60 Joer aus der Gemeen Rouspert invitéiert. Et gouf en ofwiesslungsräichen Programm gebueden, wou e.a. d'Sauerquakerten en Concert Apéro mat flotten, lëschtegen Lidder virgedroen hunn.
Nom Iessen ass en Concert mat flotten Chrëschtlidder vun der Chorale Sainte Cécile Steenem gesongen ginn. Zwëschenduerch goufen verschidden besënnlechen Texter virgedroen.
Am groussen Ganzen war et en flott an gutt besichten Fest, mat enger gudder Stëmmung, an guddem Iessen, mir freeën eis op dat nächst Joer wou et dann rëm heescht: Chrëstuucht 2015 .