D'Gemeen Rouspert beweegt sech

Den 14 Mai um Feierdaag war zu Rouspert d'Manifestatioun "D'Gemeen Rouspert beweegt sech". Dësen Event ass organiséiert vun der Familljen an Sportskommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rouspert an den Veräiner aus der Gemeng. Dëst Fest war dëst Joer fir déi drëtten kéier organiséiert ginn.
D'Visiteuren haten bei guddem sonnegem Wierder vill Méiglechkeeten verschidden Sportaarten auszeprobéieren. Folgendes gouf den Dag ugebueden:
Pétanque
Drachenboot
Kanu
Fussball (Mixed Challenge)
Speedminton (Tournoi)
Badminton
Kids-Run
Sprangschlass vum Judo an Karate Club

An natierlech war fir Iessen an drénken gutt gesuergt ginn.

Den Besuch vun den villen Leit an d'Aarbecht vun den Veräiner hunn dobäi zougedroen, dass et en flott Fest war, an der véierter Editioun naischt méi am Wee steet.

En groussen Merci all deenen wou gehollef hunn.