U21 Lännermatch - Lëtzebuerg - Finnland

Den 29ten März war zu Rouspert am Stade du Camping en offiziellen Lännermatch zwëschen den Natiounen Lëtzebeurg an Finnland. Virun ronn 320 Spectateuren huet et net lang gedauert bis den éischten Goal fir Finnland gefall ass (8 Minutt). D'Lëtzebeurger sen dun besser an d'Spill komm, mee d'Finnen hun nach en drop gesat an op 0:2 erheicht. An der 55 minutt gelengt den Rouden Léiwen den Uschlosstreffer zum 1:2, den awer d'Defaite um Enn net verhenneren konnt. Mat 1:4 verléiren Roud Léiwen géint hir Alterskollegen aus Finnland. Ze betounen bleiwt, dass déi 4 Goaler vun den Finnen all duerch Standard Situatiounen gefall sen.
Video am Ufang vum Match mat den Nationalhymnen:
https://www.facebook.com/victoriarosport