En Äppelbam fir all Neigebueren aus der Gemeng Sëll


Sëll: Och den Dag vum Bam 2022 ass dest Joer an der klenger Gemeng Sëll gefeiert gin. Zesummen mat de Gemengevertrieder, dem Fieschter Thierry Hollerich mat sengem Team, dem Technischen Service an dene klenge Kanner mat hiren Elteren, ass an der Wiss „ Am Gaart“ zu Sëll een Äpplelbam geplantzt gin. Ugaangs huet de Buergermeeschter Jang Konsbrück no senge Wëllkommensgréiss a Wierder vu merci op de Sënn an Zweck vun deser naturverbonnener Planzaktioun, déi zesummen mat der lokaler Gaart an Heem Sektioun organiséiert gouf, higewissen, wou dese Bam dene klenge Sëller, déi am Laaf vum Joer 2021 – 2022 op d’Welt kommen sin, geduecht ass an si och bei deser Geleeënheet als nei Matbierger können ze begréissen. An dem Kontext ass och eng Plakette aus Holz mat den Nimm vun allen ronn 20 Neigebuerenen Als Erënnerung bei de Bam gesaat gin. Als Ofschloss vun deser Planzaktioun huet d’Gemengeverwaltung Sëll op e Patt mat engem gudde Maufel an de Festsaal zu Sëll invitéiert, wou och all Elteren e Rauchmelder mat engem Bong konnten en Empfang huelen, fir sech e Bam no hirer Wiel können unzeschaafen. (CR) (FOTo: Charles Reiser)