HMB Luxembourg sammelt fier Flüchtlingskanner

HMB-Luxembourg asbl, en Verain fier mettelalterlechen Kampfsport huet jo fierun enger Zeitchen mat enger Aktioun ugefanngen mat derer mier Plüschdeieren fier Flüchtlingskanner sammelen. Dei Aktioun huet en groussen Zousproch an Succès an bis elo sin schon vill Keschten, Säck an Tuuten voller Plüschdeieren fier d'Kanner zesummenkomm.

Mier hun och Messagen vun Leit kruut dei eis ennerstetzen wellen an awer keng Plüschdeieren hun, dofier hun mier elo en Indiegogo Crowdfunding gestart mat derer och dei Leit eis ennerstetzen kennen, enner:

http://igg.me/at/help-refugee-children/x/34189

Deen Crowdfunding soll eis hellefen Suen ze sammelen fier engerseits nei Plüschedeieren ze kaafen awer och fier den Transport vun den gesammelten Saachen bis bei d'Kanner ze organiseieren. Mat denen Suen wärten mier also Plennerkeschten kaafen an bspw eng Camionette lounen fier et an dei respektiv Zentren ze brengen.

Mier limiteieren eis awer net nemmen op Flüchtlingskanner mee wärten eis Aktion och op aaner Kanner erweideren, bspw dei an den SOS Kannerdierfer, oder Kriibskrank Kanner.

Och dier kennt eis hellefen an sierf et nemmen dass der den Link uewen weiderscheckt und Är Frënn an Kollegen :)