HMB-Luxembourg sammelt Kuscheldéieren fir Flüchtlingskanner

Nodeems HMB-Luxembourg a.s.bl. ( hmb-luxembourg.net ) dese Summer iwwer eng Rutsch Aktivitéiteten mat Schoulkanner gemach huet, wellen mir eis lo fir Flüchtlingskanner stark machen.

Fir deenen klengen Butzen, déi wéinst dem Krich alles hun missen hannert sech lossen, vill Leed hun missen durchmachen an op eng ongewessen Zukunft blecken, eng Freed ze machen, sammelen mir Kuscheldéieren.

D'Aktioun wärt viraussiichtlech een Mount laafen, je no Nofro kann se awer verlängert gin.

Een Deel vun den gesammelten Kuscheldéieren wärten mir selwer op Platz bei d'Flüchtlingskanner féieren, deen aneren Deel get un caritativ Organisatiounen, déi Flüchtlingen betreien, hei am Land an zu Tréier verdeelt (an Zesummenaarbescht mat "Sammelaktioun fir Flüchtlingen"(https://www.facebook.com/events/711424282290365/)

Dir kennt äer Kuscheldéieren op folgenden Platzen ofgin:

- Nadine Eiffes, 20, rue Leseberg L-7732 Colmar-Berg
- Manderscheit-Peters Gerry, 18, rue de Grevels L-8806 Rambrouch (wann keen do as, Sachen niewent Haus stellen)
- Sporthaal zu Saeul (bei Mersch), all Donnschten vun 19h00 bis 19h30, 7, rte d'Arlon L-7471 Saeul
- weider Sammelpunkten durcht ganz Land kommen nach dobei

E puer wichteg Informatiounen:

- w.e.g brengt nemmen Kuscheldéieren, déi proper an nach ganz sin
- mir huelen nemmen Kuscheldéier. Wann dir och Kleeder oder aner Sachen wellt spenden, kennt dir se bei der "Sammelaktioun fir Flüchtlingen" ofgin

Mir hoffen, dass dir eis all fleisseg enerstetzt, sou dass mir vill Kanner rem en Lachen an Gesicht zauberen kennen.

Fier weider Informatiounen kennt dier d'Nadine Eiffes kontakteieren enner: eiffes.nadine@yahoo.de oder 00352 621 212 367