Alles op de Vëlo!

CSV Sandweiler wuar dobäi.
Vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ asbl guidéiert, konnten di Sandweiler Bierger den 14.06. en Tour mam Vëlo duerch hier Gemeng maachen an goufen dobäi op d’Geforen an dat richteg Verhalen am Verkéier opmierksam gemaach. An dem Sënn eng léierräich Fahrstonn, vun der och déi Sandweiler konnte Gebrauch maachen , déi keen eegene Vëlo hunn. Bei Cycles Braun op der Haaptstrooss kënnen si fir e puer Euro e moderne Vëlo lounen. D’Yolande Roller hat bei dëser Geleeënheet esou ee Gefier getest an wor sichtlech begeeschtert.
Also weider esou an alles op de Vëlo.