Een décke Bravo fir d'Sandweiler Jugend um Grousse Fréijors Quiz!

Gutt gefëllt war de Centre Culturel zu Sandweiler fir di 2. Editioun vum Grousse Fréijors Quiz. 16 Ekippe waren ugetrueden, dovunner d'Majoritéit Jonker, fir net ze soe ganz Jonker.
Et waren awer och där iwwer 25 do, wei zum Beispill di staark Frae vun der CSV Sandweiler: Simone Massard-Stitz, Yolande Roller-Lang a Sandra Schu-Santioni mat hire Partner, déi sech deenen 100 Quizfroe gestallt hunn an eng 9. Plaz konnte maachen.
Och wann d'Resultat net dat allerbescht war sinn mir motivéiert fir dat nächst Joer nees dobäi ze sinn. Alleng schonns wéint der Ambiance, der perfekter Organisatioun vun der Sandweiler Sport a Jugend Kommissioun an deem gudde Catering vun de Sandweiler Guiden a Scouten sollt een de Grousse Fréijors Quiz zu Sandweiler net verpassen.