Chorale Berdorf-Consdorf A.G. + Scheckiwwerreechung

Chorale Berdorf-Consdorf

Am Kader vun der Assemblée Générale huet d’Chorale Berdorf-Consdorf e Scheck vun 1000 € un d’Fondatioun «Wonschstär» iwwerreecht. Dës Zomm ass d’Resultat vun der Quête nom Chrëschtconcert ufangs 2024 an der Kierch zu Bäertref.

D’Madamm Nicole Greiwelding aus dem Verwaltungsrot vu “Wonschstär“ huet is en interessanten an opschlossräichen Abléck an hir villsäiteg Aktivitéite ginn. “Wonschstär“ huet sech zum Zil gesat, Kanner an Erwuessener ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen duerch Krankheet oder Behënnerung belaascht gëtt an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, en Häerzenswonsch ze erliewen. Och net rembourséiert materiell Hëllef, déi hiert d’Liewe vereinfacht, kënnt deene Persounen zegutt.

Bäi enger gutt besichter Versammlung hunn d’Vertrieder vun de Gemengen an der Kierch ënnerstëtzend Wierder fonnt déi eis Courage gemaach hunn, och wann d’Keesen, duerch déi verschidde Festivitéiten an Optrëtter en Defizit opgewisen hunn.

Bäi engem Patt a klénge Maufel am ston ass sech nach vill verzielt ginn a verschidden Iddien sen ausgetosch ginn.

Foto: M-P Puraye-Wewer / Text: CBC