Iwwer 70 Leit bei der "Kulinarescher Fréijoerswanderung" vum Syndicat d'Initiative

E flotten Erfolleg fir déi éischt kulinaresch Fréijoërswanderung vum Syndicat d'Initiative Schengen.

Trotz daer enger oder anerer Reenschauer, sin iwer 70 Leit déi 7 kilometer lang Streck, enner der Leedung vun onsem Guide, dem John Schlink, matgangen. Eng flott Stemmung wor ennerwee an op dréi Stops goufen et lecker Sachen vun onsen dréi Käch an Wënzer.

E Merci geet un den Daniel Rameau vun der Rameaudière Elleng, dem Nicolas Donati vum Bistrot Gourmand Remerschen an dem Peter Körner vum Restaurant Le Chalet de Remerschen. Nierft den Domaine Vinsmoselle geet e Merci och un den Henri Ruppert vum Domaine Ruppert an den Legill Paul (Caves Legill Paul) allenzwee vun Schengen.

Bei den Kanner ass besonnesch den goudden Drauwejus vum Gloden Lucien (Caves Gloden - Schengen) ukomm.

Géint 18.00 Auer sin mir nees all - wann och e bessi midd - beim Centre Européen ukomm.