Op Ouschtersonndeg, den 20. Abrëll 2014, invitéieren de Syndicat d'Initiative Schengen an d'Entente Touristique de la Moselle Luxembourgeoise op de musikaleschen Optakt vun der Saison 2014 op d'Muselschöff MS Princesse Marie-Astrid ab Schengen. U Bord vun Schengen op Réimech an zreck op Schengen e flotte Concert vun der Schenger Musek an der Welleschter Musek. Départ vum Schöff ab Schengen: 15.40 Auer.
Ab Schengen GRATIS Entrée.
De Comité vum SI Schengen verdeelt dann am Optrag vum Ouschterhues Ouschteréer.
Haut gouf fléisseg Eer gefierft.