En normalen Owend mam Hond sollt et ginn. Rou, frësch Loft an e klenge Spadséiergang iwwert d’Gewan. Ma dunn huet sech d’Stëmmung op eemol geännert.
Et war géint hallwer aacht Auer owes, wéi e Mann sech mat sengem Mupp op de Wee gemaach huet. D’Gewan louch roueg do.
Déi meescht Leit waren doheem, de Kaméidi vum Dag war verschwonnen an nëmmen déi üblech Owes Geräischer waren ze héieren.
„Ech hu mech eigentlech just op d’Rou gefreet“, erzielt hien.
Ma no e puer Minutten ass him e Geräisch opgefall, dat net an dat gewinnte Bild gepasst huet.
Aus Richtung vun engem Bësch, oder vläicht hannert de Beem, koum e Gesouers wei Dronen se maachen.
Hien huet direkt opgepasst. Hie géif sech selwer als ee beschreiwen, dee relativ gutt Oueren huet, an och säi Mupp huet offenbar eppes matkritt. D’Déier huet de Kapp gedréint an hannert sech gekuckt, genau an déi Richtung, aus där d’Geräisch ze kommen ausgesäit.
Et war net direkt eppes ze gesinn. Also ass de Spadséiergank weidergaangen.
Op eemol ass et roueg ginn. D’Gesouers huet nach eng kuerz Zäit weider gedauert, ier et op eemol opgehalen huet. Fir de Spadséiergänger war d’Situatioun domat eigentlech erleedegt bis hannert dem Bësch Motor Geräischer ze héiere waren.
Fir d’éischt huet hien ugeholl, datt et näischt Aussergewéinleches wier. Vläicht wier e Bauer nach ënnerwee an der Géigend.
„Ech hu geduecht: Ah, de Bauer mécht nach de Mais“, erënnert hien sech.
D’Geräischer sinn awer méi staark ginn.
An dunn huet sech d’Bild geännert.
Iwwert dem Bësch ass op eemol e Militärtransportfliger opgetaucht.
Besonnesch opgefall ass dem Mann d’Héicht, op där d’Maschinn iwwer d’Gewan geflu soll sinn. Hie beschreift de Fliger als esou niddereg, datt hie spontan geduecht hätt, hie kéint sprangen an en „packen“.
Ob dat tatsächlech déi Héicht war, léisst sech op Basis vun dëser Erzielung net feststellen.
Fir de Spadséiergänger war et awer e Moment, deen hien sech gemierkt huet.
„Komesch Zoufall“, seet hien.
D’Reiefolleg huet hie stutzeg gemaach: éischt d’Gesouers vun Dronen, duerno Motor Geräischer an direkt drop e Militärtransportfliger.
Zoufall – oder einfach nëmmen en ongewéinlechen Owend?
Wat genee hannert de Geräischer stoung, ass onkloer. Ob tatsächlech eng oder méi Dronen an der Géigend waren, konnt de Mann net feststellen. Och net wiem seng Dronen dat waren. Eng Verbindung tëscht dem Gesouers an dem Militärfliger ass domat net bewisen.
Et bleift also bei enger ongewéinlecher Observatioun vun engem eenzegen Owend.
Trotzdeem huet den Erliefnes bei him en onwuel Gefill hannerlooss – virun allem well d’Thema vun onbekannten Dronen an de leschte Méint ëmmer nees fir Gespréich suergt.
Ëmsou méi bemierkenswäert fënnt hien an deem Kontext eng Ausso, déi den 22. September am Wort ze liese war. Do gouf den Arméischef Steve Thull mat der Ausso zitéiert, datt d’Leit sech keng Suerge misste maachen.
Fir de Mann, deen deen Owend mat sengem Hond duerch d’Gewan gaangen ass, kritt dëse Saz elo eng e bëssen aner Bedeitung.
Hie wollt eigentlech just eng roueg Ronn mam Hond maachen. Amplaz huet hien en Owend erlieft, bei deem e komescht Gesouers aus dem Bësch, du Motor Geräischer an e Militärfliger um Himmel.
Ob et tatsächlech eppes ze bedeiten hat?
Dat bleift fir de Moment eng oppe Fro.
A vläicht war et um Enn och nëmmen eng Rei vu komeschen Zoufäll.
Ma wann een an der Owesrou eleng mat sengem Hond iwwert d’Gewan geet an op eemol aus dem Däischteren e Gesouers héiert, dono Motoren di méi haart ginn an e Militärfliger iwwert d’Beem opdaucht, da kann een sech wuel froen:
Wat war do eigentlech lass?