De Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil zesumme mam Gemengerot, souwéi d’Representantë vum Office social vu Schëffleng, hunn de 5. Juni 2025 déi nei Raimlechkeete vum Office Social op 35 rue de l’Église ageweit.
Den neien Office ëmfaasst e moderniséiert Gebai mat Bureaue, Konferenzsall, …, souwéi eng fir jiddereen zougänglech Receptioun um Rez-de-Chaussée an e Gaart mat Vëlosstellplatz. D’Fassade vum alen Haus gouf erhalen, wärend den neien Deel mat Holzverkleedung, gréngem Daach a Solarpanneaue ausgestatt gouf, fir eng nohalteg an ästhetesch Architektur ze garantéieren.
Den Office Social vu Schëffleng ass e wichtege Service fir d’Awunner·inne vun der Gemeng. Hei gëtt sozial Hëllef ugebueden a Leit ënnerstëtzt, déi finanziell oder sozial Schwieregkeeten hunn.
Méi Informatiounen iwwert den Office Social fannt Dir hei: Office Social