Table ronde – Au-delà des frontières, femmes migrantes
to see more pictures.
Am Kader vun der Orange Week huet d’Gemeng Schëffleng den 2. Dezember zu enger Diskussiounsronn zum Theema „Au-delà des frontières, femmes migrantes“ (iwwersat: Iwwert d’Grenzen eraus – Migrantinnen) invitéiert.
De Buergermeeschter Carlo Feiereisen huet d’Participant·inne begréisst an direkt an d’Theema vun der Orange Week agefouert – enger weltwäiter Campagne fir op Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen, déi all Joer vum 25. November bis den 10. Dezember stattfënnt.
Am Mëttelpunkt vun der Diskussioun stoungen d’beandrockend Temoignagë vun dräi invitéierte Fraen – d’Nathalie Djamé aus dem Kamerun, d’Edita Kalac aus dem Kosovo an d’Robabe Sharifi aus dem Afghanistan. Mat vill Oppenheet hunn si hir Liewensweeër mam Publikum gedeelt, vun den Erausfuerderungen erzielt, déi si bei hirer Arrivée zu Lëtzebuerg begéint hunn, souwéi dovun, wéi si hei Sécherheet fonnt hunn an – ouni d’Wuerzelen aus hirem Hierkonftsland ze vergiessen – dës a hirem ganz perséinleche Liewenswee weiderliewe gelooss hunn.
D’Diskussioun gouf vum Jean-Paul Molitor moderéiert, deen drop opgepasst huet, datt all Fra de selwechte Raum krut, fir hir ganz perséinlech Geschicht ze erzielen.
D’Gemeng Schëffleng wëllt all deene Merci soen, déi zu dëser Diskussiounsronn bäigedroen hunn: dem Myriam Gonçalves, Presidentin vun der Kommissioun fir Gläichberechtegung, an dem Yves Marchi, President vun der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen, souwéi der Maison Teranga an dem FSL fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dëser Veranstaltung.