Bamplanzaktioun mam LGK vun Esch
to see more pictures.
Bamplanzaktioun mam LGK vun Esch
Den 13. Mee 2025 war e besonneschen Dag fir eng Grupp Schüler aus dem Lycée Guillaume Kroll vun Esch-Uelzecht. Um 9:00 Auer huet d’Bamplanzaktioun ugefaangen, bei där 48 Schüler·innen an 3 Enseig
nantë mat vill Asaz an Enthusiasmus zu Schëffleng deelgeholl hunn.
Mat der Ënnerstëtzung vu Mon Jardin goufen insgesamt 12 Beem (Metasequoia) geplanzt – eng wichteg Initiativ fir eis Ëmwelt a Schoulgemeinschaft. Dës Aktioun war net nëmmen e symbolesche Geste fir méi Gréngs ze schafen, mä och eng konkret Hëllef fir d’Natur.
Als Deel vun dëser Initiativ huet den LGK am Numm vun der Gemeng fir all geplanzte Bam 100 Euro un d’Organisatioun Rainforest gespent, fir esou aktiv zum Erhale vun tropesche Bëscher weltwäit bäizedroen.
D’Schüler·innen an d’Léierpersonal hunn d’Geleeënheet genotzt, fir sech méi mat der Bedeitung vum Naturschutz a vun nohaltege Projeten ze befaassen. Mam Teamgeescht an Engagement vun alle Bedeelegte war d’Bamplanzaktioun e vollen Erfolleg an e staarkt Beispill, wéi kleng Schrëtt grouss Impakter op eis Zukunft kënnen hunn.